Lëtzebuerger Online Dictionnaire
De Lëtzebuerger Online Dictionnaire ass e méisproochegt Wierderbuch, an deem lëtzebuergesch Wierder op Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch iwwersat an duerch Beispiller op Lëtzebuergesch illustréiert sinn.
E Wuert gëtt ëmmer mat deene wesentleche grammateschen Informatiounen a wa méiglech och mat senge Synonymen duergestallt. Donieft ka fir jiddwer Verb eng Konjugatiounstabell a fir jiddwer Adjektiv eng Deklinatiounstabell opgeruff ginn.
D'Artikele sinn accessibel iwwert déi lëtzebuergesch Wierderlëscht an iwwert d'Indexe vun den Iwwersetzungen.
Ob de Lëtzebuerger Online Dictionnaire als Iwwersetzungshëllef geholl gëtt oder fir d'Bedeitung vun engem Wuert ze verstoen, riicht sech no de Sproochekenntnesser an no de Besoine vum Benotzer.
D'Orthographie vun de lëtzebuergesche Wierder orientéiert sech um Règlement grand-ducal vun 1999.