D'Lännernimm an hir Wuertfamilljen

An dëser Lëscht fannt Dir nieft den Nimm vun de weltwäit 193 Länner, déi d'UNO als sollech offiziell deklaréiert huet, och d'Adjektiv an d'Awunner, déi zum Land passen, op Lëtzebuergesch an natierlech, am Sënn vum Benotzer, an deenen anere Sprooche vum LOD.
Dës Lëscht soll eng Virlag sinn, déi op ass fir fundéiert Ännerungsvirschléi an Iddien, déi der Sprooch an domat dem Utilisateur hëllefen.

Schéckt eis Är Suggestiounen!    

Schreifweis

  • Als Eegennimm orientéieren d'Lännernimm sech um gängege Schrëftbild, dat aus anere
    Sprooche bekannt ass (Algerien, Maroc, Schweden ...).
  • D'Bezeechnunge fir d'Awunner(Innen) an d'Adjektive goufen un d'Lëtzebuerger
    Schreifweis ugepasst (Algeerierin, schweedesch ...).