Lëtzebuerger Uertsnimm – CPLL

Lëtzebuerger Uertsnimm

Déi heite Lëscht leet déi Lëtzebuerger Schreifweis fest vun den Uertschaften an de Lieu-diten aus dem Land, mat de Quartiere vun de Stied.

De Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (CPLL – Conseil permanent de la langue luxembourgeoise) huet 2017 den Ulaf geholl, fir déi lëtzebuergesch Schreifweis vun den Uertsnimm a vun aneren Nimm ze klären. Vum Kadaster ass d’Lëscht mat den Uertschaften an d’Lëscht mat de Lieu-dite geholl ginn an de CPLL huet sech déi lëtzebuergesch Schreifweisen ugekuckt an deelweis modifizéiert. Déi Lëschte kruten d’Gemengen am Oktober 2017 pour avis.

Bis op eng hallef Dosen hunn all d’Gemenge geäntwert. Mat deenen Avisen huet de CPLL dës Lëscht gemaach. Esou wäit ewéi méiglech gouf de Wënsch vun de Gemengen entsprach. Verschidden orthographesch Reegele sinn awer agehal, wéi z. B. datt bei den onbetounten Endsilbe keng Accenten an Tremae stinn: Monnerech, Diddeleng, Welschent.

Ënnert der Rubrik vun de regional oder lokal geschriwwene Variante kënne méi Schreifweisen erfaasst ginn, wann d’Gemengen dat esou mellen.

An der Lëscht stinn

  • de franséischen offiziellen Numm,
  • d’Kategorie Uertschaft oder Lieu-dit an och Gewässer-Bësch-Kopp, Regioun oder Ausland mat e puer lëtzebuergeschen Nimm vun Uertschafte vun déisäits de Grenzen,
  • d’Gemeng,
  • den Numm op Lëtzebuergesch, wéi en elo festgehalen ass,
  • lokal a regional Varianten, déi am Geschriwwene gebraucht ginn,
  • den Artikel, wann dee gebraucht gëtt: de Briddel, d’Supp,
  • d’Prepositioun an der Äntwert op d’Fro: Wou wunns de, wou bass de? Um Briddel, an der Supp.

Fir Commentairen: cpll@cpll.lu

D’Lëscht kann als Excel-Fichier erofgeluede ginn.

2018.05.17. Lëscht-vun-den-Uertschaften-a-Lieu-diten-zu-Lëtzebuerg-1