De Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (Conseil permanent de la langue luxembourgeoise) huet den 20. Mäerz 2019 e completéiert Reegelwierk vun der Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl. Déi nei Versioun gouf vum Ministère a vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch am November 2019 offizialiséiert.
Den Usproch war, e kohärent Reegelwierk ze schafen, mat deem vill méi orthografesch Fäll wéi bis elo gekläert ginn. Wéi schonn am Text Schanen-Lulling vun 2001 ginn déi Kapitele behandelt, déi am offizielle Reegelwierk gefeelt hunn: Getrennt- an Zesummeschreiwung, Grouss- a Klengschreiwung, Interpunktioun. Déi aner Kapitele sinn zum Deel gehéiereg completéiert ginn.
A ville Beräicher, virun allem der Abiergerung vu Wierder aus anere Sproochen an eng lëtzebuergesch Schreifweis, ass d’Lëtzebuerger Sprooch a permanenter Entwécklung. An deem heiten Text gëtt dorobber verzicht, komplett Lëschten unzegi vu Wierder mat hirer aktueller Schreifweis; et gëtt dofir op den offizielle Lëtzebuerger Dictionnaire (LD) verwisen, deem seng ablécklech Form de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) ass.
Nieft dem kompletten Text huet den ZLS 2019 en Dokument mat just den Aktualiséierungen ausgeschafft, sou datt een sech séier en Iwwerbléck iwwer d’Ännerunge ka verschafen.
Zanterhier sinn nach eng Rei Upassunge gemaach ginn an e puer Kapitele goufen ergänzt. Dës Ännerunge goufen an déi nei Editioun vum Orthografiesbuch vum ZLS opgeholl.
Weider Infoen op www.zls.lu an op www.lod.lu.
D’Dokumenter kënnen hei erofgeluede ginn.
Completéiert Reegelwierk / Iwwerbléck iwwer d’Ännerungen